D'Artistin
Caroline Hoffmann
1978 zu Lëtzebuerg gebuer. Meng Studien hunn zu Lëtzebuerg am Lycée Technique des Arts et Métiers als Graphikdesignerin ugefaangen. Vun 2001-2004 hunn ech den Institut Saint-Luc zu Bréissel (B) besicht, wou ech den Diplome an der plastescher, visueller an raimlecher Konscht ofgeschloss hunn (Sektioun visuell Konscht - Optioun Publicitéit).
No menger berufflecher Karriär als Graphikdesignerin zu Lëtzebuerg, sinn ech an'd Schwäiz ausgewandert, wou ech 12 Joer en Team vun Grafiker geleet hunn.
​
Awer meng Leidenschaft war ëmmer Konscht, dofir hunn ech e Konschtatelier fir Acrylmolerei an Mosaik opgemaach.
​
1993 hunn ech Passioun vun der Molerei entdeckt. Mäin Style ass ganz villsäiteg, Natures mortes, Aktmolerei, Pouring, abstrakt an figurativ Motiver...
​
Am Joer 2004 hunn ech ugefaangen Glas- an Spigel-Mosaik ze maachen.